Europa Aktuell
Frankräich: EU-Presidence a Walkampf - wéi passt dat zesummen?
5 min
Zanter dem 1. Januar huet Frankräich d'Presidence vun der Europäescher Unioun. Déi Tâche wiesselt all halleft Joer. Dat Besonnescht dës Kéier ass, datt se matten an de franséische Walkampf fält. Den 10. Abrëll gëtt a Frankräich en neie President gewielt. Do kéint also ee Wiessel ustoen, éier Frankräich d'Staffel vun der EU-Presidence den 1. Juni un d'Tschechesch Republik virugëtt.
D'Danièle Weber iwwer dat, wat Frankräich sech fir déi nächst sechs Méint virgeholl huet an déi besonnesch Roll vum Emmanuel Macron an deem Prozess.