Europa Aktuell
Europaparlament wielt nei Presidentin
5 min
Déi lescht Woch war de President vum Europaparlament, den David Sassoli, kuerz virum Enn vu senger Amtszäit, iwwerraschend gestuerwen. Haut bestëmmen déi 705 Europadeputéiert wien an den nächsten zwee an engem hallwe Joer un der Spëtzt vum Parlament steet.
Dee Posten ass Deel vun engem Pak, iwwer dee sech d'Staats- a Regierungscheffe schonn am Abrëll 2019 eens goufen. Deemools haten déi dräi grouss Fraktioune vum Europaparlament ee Pakt ënnerschriwwen - deemno d'Presidence an der éischter Hallschent vun der Legislaturperiod un d'Sozialisten, an an der zweeter dann un d'Europäesch Vollekspartei geet. Dowéinst gëllt hir Kandidatin, déi 42 Joer Joer al malteesesch Chrëschtdemokratin Roberta Metsola, als kloer Favorittin.
D'Danièle Weber mat weideren Detailer