Europa Aktuell
Nei Gesiichter bei den EU-Finanzminister:innen
5 min
Si stéing fir Kontinuitéit an der Lëtzebuerger Finanzpolitik, dat sot déi nei Finanzministerin Yuriko Backes bei hirem éischten Optrëtt op der europapolitescher Tribün. Gëschter a virgëschter hat si d'Geleeënheet, op Reuniounen zu Bréissel hir Homologe kennenzeléieren. Do gouf et eng Partie nei Gesiichter, och fir den däitsche Finanzminister Christian Lindner war et déi éischt Reunioun mat de Kolleegen aus de 27 EU-Memberlänner. Eng Première, bei där virun allem Frankräich an Däitschland probéiert hunn, Eenheet ze demonstréieren.
Vu Bréissel d'Danièle Weber