Europa Aktuell
Europaparlament fuedert méi streng Reegele fir Déierentransporter
5 min
Millioune vun Déiere ginn all Joer an der Europäescher Unioun zu Land oder um Waasser bannent engem Land oder an d'Ausland transportéiert. Zanter 2005 gëtt et an der EU ee Reglement, dat soll dofir suergen, datt d'Déieren net ënner deem Transport leide mussen. Déi meescht Länner awer hale sech net do drun. Zu där Conclusioun kënnt eng Enquêtë-Kommissioun am Europaparlament.
D'Reegele mussen iwwerschafft ginn, an d'Kontrolle musse verbessert ginn, esou d'Fuerderung vum Parlament. D'Danièle Weber informéiert.