Europa Aktuell
Omicron mécht dem EU-Covid-Zertifikat d'Liewe méi schwéier
5 min
Et ass mëttlerweil zur Gewunnecht ginn: Éier een an d'Ausland fiert, kuckt een normalerweis no, wéi eng Covid-Reegelen do a Kraaft sinn. Geet ee gültege Covid-Certificat duer? Gëtt och nach ee PCR-Test gefrot? Wéi al dierf dee sinn? A sou weider ...
Et ass deels schwéier, den Iwwerbléck ze behalen - och bannent der EU. Gëschter goufe sech déi 27 Memberlänner eens iwwer eng Mise à Jour vun de Reegele fir den europäeschen Covid-Certificat. Am Prinzip - et stelle sech awer eng Partie Froen - an d'Äntwert dorop fält net an alle Länner d'nämmlecht aus. D'Danièle Weber informéiert.