Europa Aktuell
Impffliicht an Éisträich géint Covid-19
5 min
An Éisträich muss sech vu Februar un all Erwuessene géint Covid-19 impfe loossen. Ausname gëlle fir schwanger Fraen, Leit déi de Virus rezent haten a Mënschen, déi aus medezinesche Grënn net kënne geimpft ginn. Bis Mëtt Mäerz mussen net-Geimpfter awer nach net mat Konsequenze rechnen. Bis dohin wëllt d'Regierung zu Wien net-geimpfte Leit och iwwer Ureizer zu enger Impfung motivéieren. Iwwerdeems ginn am Laf vum Mount d'Restriktioune fir net-Geimpfter etappeweis opgehuewen. De Stephan Polet mat enger Korrespondenz