Europa Aktuell
Taxonomie: Konsequenze vu gréngem Label fir Gas an Atom net kloer
5 min
Atom a Gas sollen an der EU als gréng agestuuft ginn - op d'mannst gi se an d'Klassement vun de gréngen Investitiounen, déi sougenannten Taxonomie, opgeholl. Déi Europäesch Kommissioun huet gëschter hiren definitiven Text dozou presentéiert. Deen hat an de leschte Woche fir vill Diskussioune gesuergt. Ënner anerem Lëtzebuerg ass net d'accord mat där Decisioun.
Mee och bannent der Kommissioun war se net onëmstridden. Den Nicolas Schmit steet net dohannert, esou de Lëtzebuerger EU-Kommissär gëschter am 100,7-Interview.
D'Danièle Weber iwwer d'Bedeitung vun där kontroverser Propos