Europa Aktuell
Baisse historique du chômage en Espagne
4 min
Trotz Pandémie schéngt sech d'Wirtschaft an der Europäescher Unioun nees ze erhuelen. An der Eurozone ass de Chômage-Taux esou niddreg wéi fir d'Lescht 1998.
Eng historesch Baisse vun deem Taux gouf déi lescht Woch a Spuenie gemellt. Spuenie béift mat iwwer 3 Millioune Leit, déi ouni Aarbecht sinn, zwar dat Land mat deene meeschte Chomeuren an der EU.
Bannent engem Joer ass de Chômage-Taux awer vun 16 op 13 Prozent erofgaangen, där Statistik no hunn elo méi Leit eng Aarbecht, wéi vrun der Pandémie. Am meeschte profitéiert huet d'Regioun Katalonien - vu Barcelona: d'Aurélie Chamerois.