arrow_back_ios
Europa Aktuell
Portrait: en Zivilist trainéiert zu Kiew fir de Krich
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
Ëmmer méi russesch Truppen, Panzer, Kampffliger, an all anert Material, dat fir eng Invasioun néideg wier, kënnt op de Grenze vun der Ukrain un. Et gëtt weiderhi gefaart, datt et zu enger bluddeger Offensiv kéint kommen. Déi ukrainesch Arméi bereet sech vir, mat Waffen, déi zum Deel vun NATO-Memberlänner geschéckt goufen. Amerikanesch Zaldoten, ënner aneren, sinn amgaang d'Arméi op e Kampf virzebereeden. Mee och Zivilisten am Land bereede sech vir.