Europa Aktuell
Bausch: Lëtzebuerger Zaldote kéinten aus dem Mali zeréckgezu ginn
5 min
D'Europäesch Unioun ass amgaang hir militäresch Missioun am Mali ze iwwerdenken. Am Februar 2013 gouf déi Missioun lancéiert. 28 Länner, dorënner 23 aus der EU, maache mat. Lëtzebuerg ass och derbäi - den Ament sinn 23 Lëtzebuerger Zaldoten am Mali stationéiert.
Et geet an éischter Linn drëm Zaldoten auszebilde mam Zil fir méi Sécherheet a Stabilitéit am Land ze suergen. Zanter dem Putsch am Mee zejoert awer ass dat Zil ëmmer méi a Fro gestallt. Et kéint gutt sinn, datt d'EU hir Truppen zeréckzitt. Dat schléisst och de Lëtzebuerger Verteidegungsminister net aus. D'Danièle Weber huet mam Francois Bausch geschwat.