Europa Aktuell
Grouss Militärmanöveren tëschent Russland a Belarus hunn ugefaangen
4 min
Zu engem groussen Deel ganz no un der Grenz tëschent Belarus an der Ukrain. Do gëtt weiderhi gefaart, dat dës Exercicer zu enger Invasioun vun der Ukrain kéinte féieren. Experte soen, datt elo schonn iwwer 135.000 russesch Zaldote laanscht der ukrainescher Grenz positionéiert sinn.
Wann et sollt zu engem Ugrëff kommen, dann ass d'Grenz tëschent Belarus an der Ukrain eng logesch Plaz, well d'Haaptstad Kiew ass just iwwer 100 Kilometer ewech. D'russesch Arméi misst duerch eng ganz bekannte Plaz marschéieren. Déi heescht Tschernobyl.
Vun do huet eise Korrespondent Philip Crowther dëse Reportage geschéckt.