Europa Aktuell
Europaparlament: Transparenz fir Finanzement Anti-Gender Beweegung
4 min
D'Zuel vun deenen, déi sech militant géint Rechter vun LGBTIQ Persounen, géint d'Recht op Avortement oder awer eng sexuell Educatioun asetzen, ass an der Europäescher Unioun an de leschte Joren geklommen. Déi Beweegung ass haut vill méi visibel, wéi nach virun zéng Joer.
Net seele ginn d'Organisatiounen, déi dohannert stiechen, och vun ëffentleche Gelder ënnerstëtzt. Suen, déi deels aus EU-Dëppe kommen. Dobäi kämpfe si fir Wäerter, déi net déi vun der Europäescher Unioun sinn - dat mécht verschiddenen Europadeputéiert Suergen. Vu Bréissel d'Agathe Cherki