Europa Aktuell
EU-Parlament ass rosen: d'Kommissioun misst elo direkt handelen
5 min
D'Europäesch Kommissioun dierf EU-Länner, déi de Prinzip vum Rechtsstaat net respektéieren, Subside kierzen. Dat huet gëschter den Europäesche Geriichtshaff confirméiert an domat eng Plainte vun Ungarn a Polen ofgewisen. Béid Länner hate géint deen neie Rechtsstaats-Mechanismus vun der Europäescher Unioun geklot.
Elo läit de Ball am Feld vun der EU-Kommissioun. Si muss dat neit Instrument applizéieren. Allerdéngs huet si schonn ugedeit, datt dat nach dauere kann. Am Europaparlament gouf dorop gëschter rose reagéiert. Danièle Weber huet den Debat suivéiert.