Europa Aktuell
Offensiv fir méi Franséisch an den EU-Institutiounen
5 min
Manner Englesch a méi Multilinguismus an den EU-Institutiounen. Virun allem: méi Franséisch - dofir setzt sech Frankräich zanter Joren an.
D'Land huet zanter Januar d'EU-Présidence a wëllt dovu profitéieren, fir dem sougenannte Globish de Kampf unzesoen. Domat ass dat an der Bréisseler Bulle üblecht Englesch gemengt - amplaz dovu soll dat Franséischt nees Prioritéit hunn an als Aarbechtssprooch etabléiert ginn. Dat ass allerdéngs guer net esou einfach, well sech do scho laang aner Gewunnechten installéiert hunn. Vu Bréissel d'Agathe Cherki