Europa Aktuell
Zu Lviv ass de Fridden a Gefor
6 min
Et ass keen Enn vum Krich an der Ukrain a Siicht. Trotz diplomatesche Verhandlunge gëschter per Video tëscht Delegatiounen aus Kiew a Moskau, gin déi russesch Attacke weider, op Stied wéi Mariupol a Kharkiv, mee och op d'Viruerter vun der Haaptstad. De Krich ass och zënter e puer Deeg am Weste vum Land ukomm, mat russesche Rakéiten-Ugrëff op Militärziler an dräi westlech Stied.
Eng vun deene Stied ass Lviv, eng Plaz déi weiderhin als sécher gëllt, mee wou de relative Fridde séier kéint vu russeschen Ugrëff op en Enn bruecht ginn.
Eise Korrespondent Philip Crowther huet eis vu Lviv des Reportage geschéckt.