Europa Aktuell
Zéng Joer antisemitschen Terrorismus: d'Ierwe vun der Affär Merah
5 min
Zu Toulouse gouf gëschter den Affer vun den terroristeschen Uschléi virun zéng Joer geduecht. Den 19. Mäerz 2012 huet den Islamist Mohammed Merah an enger Schoul véier Judden erschoss, dorënner dräi Kanner. An den Deeg virdrun hat hien dräi Zaldoten erschoss. An der Trauer-Zeremonie hunn de franséischen an den israeelesche President eng Ried gehalen, mee och déi fréier Staats-Cheffen Nicolas Sarkozy a François Hollande waren do. Eise Korrespondent Léonardo Kahn war zu Toulouse dobäi.