Europa Aktuell
Stellt den Ukrain-Krich den europäesche Green Deal a Fro?
5 min
Iwwer 70 Milliounen Tonne Weess, Mais an aner Käre goufen zejoert aus der Ukrain exportéiert. Ass de Krich eng Gefor fir d'Liewensmëttelsécherheet an der EU? Am Fong net, seet d'Europäesch Kommissioun an engem Pabeier, dee si haut presentéiert. D'EU produzéiert selwer genuch an ass an deene wéinegste Beräicher op Importer ugewisen.
D'Baueren awer bekloe sech iwwer méi héich Produktiounskäschten. Hinne soll elo gehollef ginn. Ënner anerem och doduerch, datt ekologesch Mesuren ausgesat ginn. Dat gëtt virun allem vu Bauereverbänn begréisst, Kritik kënnt par konter vu Klimaschützer. D'Danièle Weber informéiert iwwer dee Konflikt.