Europa Aktuell
Dräi Sommete fir d'Ukrain
7 min
Zu Bréissel ass haut den Dag vun de Sommeten: Ugefaangen de Moie mam Sommet vun den Nato-Staaten, duerno dee vun de G7-Industrie-Natiounen an dann am spéiden Nomëtteg den EU-Sommet, op deem d'Staats- a Regierungscheffen aus de 27 EU-Länner zesummekommen.
Mat derbäi ass all Kéier den amerikanesche President Joe Biden, dee fir déi Reuniounen an déi belsch Haaptstad gereest ass.
Ee Sujet dominéiert do haut, do besteet keen Zweiwel: De Krich an der Ukrain wäert bei all den Diskussiounen am Mëttelpunkt stoen.
Wat ass konkret ze erwaarden? Doriwwer schwätze mir mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber