arrow_back_ios
Europa Aktuell
Europa Aktuell: EU wëll Ressource besser schounen
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Een Handy, deen een ewech geheien muss, just well d'Batterie net méi gutt ass oder een T-Shirt, den no e puer Mol wäschen zu den ale Lompe gehéiert - domat soll an Zukunft Schluss sinn. Där Meenung ass d'Europäesch Kommissioun. Si proposéiert nei Reegelen, déi dofir suergen, datt Produiten an der Europäescher Unioun méi nohalteg ginn an och méi liicht kënne reparéiert ginn.