Europa Aktuell
/ Wahlen an Ungarn: Et kënnt op déi un, déi bis elo nach net decidéiert sinn
Wahlen an Ungarn: Et kënnt op déi un, déi bis elo nach net decidéiert sinn
6 min
E Sonndeg gëtt an Ungarn gewielt. Zanter 12 Joer ass an Ungarn d'Fidesz-Partei vum Viktor Orban um Rudder, si regéiert mat enger konfortabler Zwee-Drëttel-Majoritéit. Zanter Joeren ass d'Oppositioun staark zersplittert, des Kéier hu sech sechs Parteien an enger Eenheets-Lëscht zesummegedoe, fir der Muecht vum Viktor Orban een Enn ze setzen.
De Krich mat der Ukrain huet de Wahlkampf e bëssen op d'Kopp gestallt. An obschonn d'Sondagen dem aktuelle Premier ee liichte Viersrponk ginn, ass den Ausgank ongewëss.