arrow_back_ios
Europa Aktuell
Metamorphos vun der europäescher Unioun
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
No der Covid-Pandemie sollt d'Welt eng besser ginn: méi human, méi ökologesch, méi resilient. Mee ass dat wierklech esou? Mam Krich an der Ukrain kommen dorun Zweiwel op. Mee sécher ass: an der europäescher Unioun ass eng Verwandlung geschitt, an et ginn Themen ugeschnidden déi virdrun éischter Tabu waren. Där Meenung ass den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF a senger Chronik, an där hien zréck geet an d'Zäit vun de Verspriechen...