Europa Aktuell
Orban-Victoire: Wéi eng Konsequenze fir d'EU?
Bei de Parlamentswalen e Sonndeg an Ungarn huet de Premier Viktor Orban mat senger Fidesz-Partei iwwer 50 Prozent vun de Stëmme krut a kann deemno mat enger confortabeler zwee Drëttel Majoritéit am Parlament weider regéieren. Seng Victoire wier esou grouss, datt ee se kéint vum Mound aus gesinn - ganz sécher awer och vu Bréissel aus, esou de Viktor Orban kuerz no de Walen.
D'Resultat koum zwar net iwwerraschend, war awer an där Héicht och a senge Reien net esou erwaart ginn. Am Europaparlament gouf dës Woch vill iwwer d'Konsequenze vun deem Vott diskutéiert. Eng éischt Decisioun huet d'Europäesch Kommissioun gëschter geholl.
Vu Stroossbuerg d'Danièle Weber