Europa Aktuell
Esou kënnt d'Ukrain u Waffen an anert Krichsmaterial
5 min
D'Ukrain wëllt schwéier Waffen, dat seet den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ëmmer nees. Ouni méi Waffen-Liwwerunge kann d'Land sech net géint d'Muecht vum russesche Géigner verteidegen, dat ass de Refrain vu Kiew. Vill NATO-Länner hu jo scho Waffen a Material geschéckt. E Rakéitenofwiersystem ass vun der Slowakei geliwwert ginn, zum Beispill, mee méi Ekipement gëtt gebraucht.
Vill Versprieche vun NATO-Länner an aneren Natioune gëtt et, mee bis datt nei Waffen et an d'Ukrain, an d'Hänn vun den Zaldote packen, vergeet vill Zäit.
Eise Korrespondent Philip Crowther huet an der Ukrain mat engem Mann geschwat, dee probéiert d'Arméi méi séier ze ekipéieren.