Europa Aktuell
Kommissärin fir Mënscherechter: Pushbacks sinn ëmmer méi verbreet
6 min
Duerch de Krich an der Ukrain si Millioune vu Leit gezwongen hiert Land ze verloossen. Déi europäesch Äntwert hätt gewisen, datt ee kann am Respekt vun de Mënscherechter an den internationalen Engagementer dorop äntweren, sot déi lescht Woch d'Kommissärin fir d'Mënscherechter vum Conseil de l'Europe, d'Dunja Mijatovic.
Deen nämmlechte Prinzip misst applizéiert ginn, wann et ëm Refugiéë geet, déi aus aneren Deeler vun der Welt an Europa kommen, esou hir Warnung. Sougenannte Pushbacks géifen nämlech mëttlerweil zum Alldag op den europäesche Grenzen gehéieren. Eng Praxis déi illegal ass, an déi elo riskéiert am Schiet vum Krich an der Ukrain nach méi an de Vergiess ze geroden, wéi scho virdrun. D'Danièle Weber informéiert.