arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Lost Satellite

Lost Satellite

Lauschteren play_arrow
headphones

60 min

Den amerikanesche Soul-Man Lee Fields ass fir en neien Album bei der Daptone Family, dësem Independant Soul a Funk Label vu Brooklyn, wou hien amgaang ass un engem neien Album ze schaffen, dee fir den Hierscht 2022 ugekënnegt gëtt.


Soul och vum Michael Kiwanuka. Seng Eltere kommen aus dem Uganda, opgewuess ass hien zu London, hien huet Jazz studéiert a sech seng Suen als Studiomuseker verdéngt, éier hien enger Solo-Karriär nogaangen ass.


Partner Look, dat ass eng Formatioun vu Melbourne ronderëm déi däitsch Geschwëster Ambrin an Anila Hasnain zesumme mat hire respektive Partner Dainis Lacey a Lachlan Denton. Am Februar dëst Joer koum den Album By The Book eraus.


Lost Satellite ass eng Rock Band, déi zu Paräis an zu Sevilla baséiert ass, si hunn dem Iggy Pop säin "No Fun" revisitéiert a Gesellschaft vum Mark Lanegan an dem Alain Johannes, Museker a Produzent, deen hiren Debut "Either way" produzéiert hat.


Geoffrey Le Goaziou, de Fransous vun Nantes ass en Adept vum manner ass méi a vun der Auto-Produktioun. Hien engagéiert sech de Folk a senger Regioun méi bekannt ze maachen.


D'Sängerin Sarah Lenka huet viru Kuerzem hir nei "Mahala Ep" verëffentlecht. Mahala bedeit Fra op amer-indianesch a Mahala ass och d'Zesummenaarbecht vun dräi engagéierten Artistinnen a Kulturen, déi sech begéinen. Hei héiere mir d'Naissam Jalal, franséisch-syresch Fluttistin, Awa Ly, franséisch-senegaleesesch Sängerin, an d'Macha Gharibian, franséisch-Armenesch Pianistin.


Déi talentéiert Trompettistin, multi-Instrumentalistin a jonk Produzentin Juliette Bourdeix aka Youthie presentéiert hir Aktualitéit "The Roots Explorers", en duebelen Album a Gesellschaft vun Macca Dread mat 16 instrumental Titelen, déi alleguer eenzel eng Geschicht erzielen.


Playlist:



Lee Fields - Ordinary Lives - Ordinary Lives /Single

Michael Kiwanuka - Love & Hate - Love & Hate

Jasdeep Singh Degun - Ulterior Motives - Anomaly

Partner Look - Diamonds - By the Book

Lost Satellite - No Fun (feat. Mark Lanegan & Alain Johannes) - Bare Bones

Lost Satellite - I am - Bare Bones

Geoffrey Le Goaziou - Shell - Somewhere Quiet

Sarah Lenka - Last Kind Words - Mahala - EP

Youthie & Macca Dread - Atumbao - The Roots Explorers

Rokia Koné & Jacknife Lee - Shezita (Take A Seat) - BAMANAN

Afrodelic - I Tara Fan Fan (feat. Erica Jennings) - I Tara Fan Fan

Vincent Segal, David Walters, Ballaké Sissoko & Roger Raspail - Mama (Unplugged Version) - Nocturne

Stéphane Edouard - Mother's Love (Amma) - Pondicergy Airlines


Episoden

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow