Europa Aktuell
Hauts-de-France: Zentrum vun der Extrême Droite?
9 min
Compte à rebours a Frankräich: D'Marine Le Pen huet haut zu Arras hire leschte Meeting virum zweeten Tour vun de Présidentiellen dëse Sonndeg. Arras, dat ass eng kleng Stad an der Regioun Hauts-de-France, un der belscher Grenz.
D'Spëtzekandidatin vum Rassemblement National huet mat 33 Prozent an där Regioun hiert bescht Resultat erziilt. Dobäi kruten an där nämmlechter Regioun nach bis virun zéng Joer d'Sozialisten déi meeschte Stëmmen. Wéi koum et zu dësem Wiessel?
De Léonardo Kahn war fir eis zu Roubaix, eng Stad, déi am Discours vun der Marine Le Pen eng besonnesch Roll spillt.