Europa Aktuell
EU wëllt géint onfair Konkurrenz aus China virgoen
9 min
D'Europäesch Unioun wëllt enger onfairer Konkurrenz aus dem Ausland de Kampf usoen. Dofir goufen eng Partie Gesetzer op den Instanzewee bruecht. Ënner anerem soll et fir auslännesch Entreprisen, déi vu staatleche Subventioune profitéieren, méi schwéier ginn, um europäesche Marché a Konkurrenz mat europäesche Betriber ze trieden. Gëschter gouf am Europaparlament eent entspriechend Reglement ugeholl.
Lëtzebuerg war bis elo kee Musterschüler an deem Beräich. Dat soll sech awer änneren - seet de Wirtschaftsminister Franz Fayot.
D'Danièle Weber huet Detailer doriwwer, wéi d'EU virun allem géint staatlech Subventiounen aus China virgoe wëllt.