Europa Aktuell
Eng schizophreen Situatioun
5 min
D'EU ass an enger schizophreener Situatioun: engersäits liwweren d'Memberlänner fläisseg Waffe fir d'Ukrain, an der Hoffnung esou eppes kënnen dozou bäizedroen, datt d'Land sech gewiert kritt. Anerersäits fléissen awer - iwwer Gas- a Pëtrolsrechnungen - Milliarden an déi russesch Krichsmaschinerie.
Dës Woch gouf de sechste Sanktiounspak géint Russland ofgeschloss, an d'Fro stellt sech, ob dat net de Beweis dofir ass, datt déi virdrun net gewierkt hunn. Dozou den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF