Europa Aktuell
Zukunft vun Europa: Iwwer 300 Mesuren fir eng besser EU
27 min
Wéi soll et virgoen mat der Europäescher Unioun? Doriwwer gouf bis gëscht op den Dag ee Joer laang an der sou genannter "Konferenz iwwert Zukunft vun Europa" diskutéiert. De grouss ugeluechten Débat gouf vun den EU-Institutiounen lancéiert. Zil war et, direkt bei de Bierger a Biergerinnen nozefroen an hir Iddien ze sammelen.
Dofir goufen zoufälleg Leit erausgesicht, mat Usproch, datt den Echantillon, vun deenen, déi matmaachen, representativ fir déi ganz EU ass.
Gëscht goufen d'Resultater zu Stroosbuerg den EU-Spëtzten feierlech iwwerreecht. Wat geschitt elo domat? Dat freet sech net nëmmen eng vun de Lëtzebuergerinnen, déi matgemaach hunn.