arrow_back_ios
Europa Aktuell
EU begréisst déi finnesch Décisioun, Member vun der NATO ze ginn
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Finnland wëll Member vun der Nordatlantescher Allianz, der Nato ginn. Dat hunn déi finnesch Premierministerin an de Präsident gëscht annoncéiert.
D'Annonce koum net onerwaart, zanter dem Ufank vum Krich vu Russland géint d'Ukraine huet sech d'Meenung am skandinavesche Land geännert. Dat nämmlecht gëllt fir Schweden, wou haut am Parlament iwwert eng méiglech Kandidatur diskutéiert gëtt.
An der EU ass d'Resonanz op déi finnesch Annonce vu gëscht positiv ausgefall.