Europa Aktuell
Nach ëmmer keen Accord iwwer weider Sanktioune géint Russland
5 min
Déi 27 EU-Länner gi sech net eens iwwer nei Sanktioune géint Russland. Och op der Reunioun gëschter vun den EU-Ausseministere koum et net zu engem Duerchbroch. D'Europäesch Kommissioun hat scho virun iwwer eng Woch een neien Sanktiounspak proposéiert. Ënner anerem geet et do ëm en Embargo fir russesche Pëtrol. D'Kommissioun hat virgeschloe bis an engem hallwen Joer kee Pëtrol méi an d'EU ze importéieren.
Eng Ausnam géif fir Ungarn an d'Slowakei gemaach. Béid Länner kriten 20 Méint Zäit, deen Embargo ëmzesetzen. Dat awer geet Ungarn net duer, an d'Land blockéiert dofir en Accord. Dat ass awer gëschter op Versteesdemech gestouss.
Detailer vu Bréissel vum Danièle Weber