Europa Aktuell
Margrethe Vestager: "Mir musse weider Fäll ënnnersichen"
12 min
Et geet ëm Milliarden Euro Steiersuen, déi grouss Entreprisë wéi Google, Amazon oder Apple a Steieren agespuert hunn: Bréissel huet an der Vergaangenheet Lëtzebuerg an anere Länner méi wéi eng Kéier reprochéiert, duerch sougenannte Tax Rulings Entreprisë Steieravantagen ze ginn - mam Argument, déi Entreprisë kriten domat eng illegal Staatsbäihëllef. Vill vun deene Fäll si viru Geriicht gelant an et dauert laang, éier Decisioune falen.
Ass dat Instrument also iwwerhaapt dat richtegt, wann et drëms geet Steierevasioun ze bekämpfen?
Dës an aner Froen huet d'Danièle Weber zu Bréissel der zoustänneger EU-Kommissärin Margrethe Vestager gestallt.