Europa Aktuell
Wéi d'EU am Digitalen eng Schëpp bäileeë wëll
6 min
D'Europäesch Unioun huet esou Mueneges opzehuele, wann et ëm d'Digitalisatioun geet. Op deem Gebitt eng Schëpp bäizeleeën, ass dowéinst ee vun den Ziler vun dëser Kommissioun, ënnert hirer Cheffin Ursula von der Leyen. D'Corona-Pandemie, do ass ee sech allgemeng eens, hat do een éischter positiven Afloss op déi Entwécklung.
Wéi eng Répercussiounen huet dann de Krich an der Ukraine? A wat genee proposéiert d'Kommissioun, fir de Retard opzehuelen? Dat hu Journalisten aus dem Radios-Réseau Euranet Plus - déi Persoun gefrot, déi an der Kommissioun dofir zoustänneg ass. Et ass dat déi dänesch EU-Kommissärin Margrethe Vestager.