Europa Aktuell
Klima-Krimi am Europaparlament
6 min
Vun 2035 un dierfen an der EU keng Autoe méi verkaf ginn, déi mat Diesel oder Bensin fueren. Dofir huet sech gëschter eng Majoritéit am Europaparlament ausgeschwat. Et war bis um Schluss spannend, wéi de Vott géing ausgoen. Iwwerhaapt goung et gëschter hëtzeg hier, wéi iwwer aner Deeler vum Klimapak vun der EU ofgestëmmt gouf. Iwwer d'Reform vum Emissiounshandel, wéi se d'Europäesch Kommissioun proposéiert hat, gouf ee sech um Enn net eens.
D'Danièle Weber iwwer dee Klima-Krimi an der Plenière zu Stroossbuerg.