Europa Aktuell
Parlamentswalen a Frankräich, e lokale Scrutin?
5 min
Zwee Méint no de Presidentewale sinn dëse Mount am Frankräich d'Parlamentswalen un der Rei: Iwwermuer ass den éischten Tour vun de Legislativen. D'Awunner vun de 577 Circonscriptioune wiele jeeweils een Deputéierten. Wien d'Majoritéit kritt, dierf d'Regierung forméieren. Wéi et ausgeet ass eréischt an enger gudder Woch gewosst, nom zweete Waltour den 19. Juni. Et gëtt en anert Walverhale wéi bei de Presidentiellen.
Wéi op lokalem Plang iwwer dës Wale geduecht gëtt, weist de Reportage vun eisem Frankräich-Korrespondent Léonardo Kahn zu Issoudun, eng Stad vun 11.000 Awunner an der Mëtt vu Frankräich.