Europa Aktuell
Éischte Waltour vun de Parlamentswalen a Frankräich
5 min
Am éischten Tour vun de franséische Parlamentswale krut dat lénkt Bündnis NUPES (Nouvelle Union populaire écologique et sociale) mat 25,6 Prozent am nationalen Duerchschnëtt dat bescht Resultat. Trotzdeem huet dem Emmanuel Macron säi Bündnis Ensemble! gutt Chancen, nom zweeten Tour an enger Woch déi meescht Deputéiert ze stellen. D'Previsioune setzen Ensemble op 255-295 Sëtz an der Assemblée Nationale, d'Nupes op 150-190 Sëtz. Zu Paräis huet déi néi lénk Allianz en ambivalenten Walowend geféiert. Fir eis sur place, eise Korrespondent Léonardo Kahn