Europa Aktuell
Iwwerparteilech Oppositoun am Europaparlament géint Taxonomie
6 min
Et war deemools als "Sylvester-Coup" bezeechent ginn: Um leschten Dag vum Joer 2021 hat d'Europäesch Kommissioun proposéiert, Gas an Atomkraaft am Kader vun der sougenannter Taxonomie als "gréng" anzeklasséieren.
Eng ëmstridde Propose, an duerch de Krich an der Ukrain schéngt d'Zuel vun deenen, déi dogéint sinn, méi grouss ze ginn. Virun allem am Europaparlament, wou eng iwwerparteilech Oppositioun amgaang ass sech ze forméieren. Haut (14.6.) gëtt an der Ëmwelt- an an der Wirtschaftskommissioun vum Parlament ofgestëmmt. Den Ausgank ass ongewëss wéi d'Danièle Weber am Virfeld gewuer gouf.