Europa Aktuell
Nicolas Schmit: "Konkret Changementer an der Praxis"
6 min
Um Kierchbierg gi sech haut d'Aarbechtsministeren aus de 27 EU-Länner eens iwwer eng Direktiv, déi Standarde festleeë soll fir d'Mindestléin an der EU.
Dofir ass mëttlerweil déi grouss Majoritéit vun de Memberlänner. Dat huet vläicht och eppes domat ze dinn, datt déi Direktiv net vill konkret Saache virschreift - trotzdeem wäert se fir eng aner Lounpolitik an der EU suergen - dovun ass hiren Auteur, den EU-Kommissär fir d'Aarbecht a Soziales, den Nicolas Schmit iwwerzeegt. D'Danièle Weber huet gëschter zu Bréissel mat him geschwat.