Europa Aktuell
Humanistesch a pragmatesch: déi portugisesch Drogepolitik
6 min
D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert ass am Moment a Portugal. Drogepolitik ass de Sujet vun där Rees. Et geet drëm ze kucke, wat ee vun de Portugise léiere kann. Hir Legislatioun an deem Beräich ass nämlech déi liberaalst an Europa. A si huet zu positive Resultater geféiert: et ginn haut manner Drogenofhängeger, manner Heroin-Konsumenten, manner Doudeger duerch eng Iwwerdosis, a manner AIDS-Infektiounen ënner den Drogéierten wéi nach viru 25 Joer. Wat zeechent déi portugisesch Drogepolitik aus? A firwat ass grad Portugal esou progressiv an deem Beräich? Explikatioune vum Maurice Molitor