Europa Aktuell
G7 - Geschlossenheet viru pittoresker Kuliss
5 min
Zanter gëschter sinn d'Staats- a Regierungscheffe vun de G7-Länner zu Elmau a Bayern beieneen. Dobäi wëllen déi siwen demonstrativ vermëttelen, datt si zesummesti fir Russland d'Stier ze bidden. Gëschter gouf, zum Beispill, een Importstopp vu russeschem Gold ugekënnegt. A bis 2027 wëllen d'G7 600 Milliarden Dollar ausgi fir weltwäit, a virun allem am globale Süden, d'Infrastrukturen ze verbesseren. Haapttheema bleift awer bis muer de Krich an der Ukrain a seng Konsequenzen. Vun Elmau, ee Bäitrag vum Deutschlandfunk-Korrespondent Stephan Detjen