arrow_back_ios
Europa Aktuell
Éisträich an Däitschland ënnerschreiwen Accord zu Gasversuergung
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
Éisträich an Däitschland wëllen am Gas-Beräich méi enk zesummeschaffen. Den däitsche Wirtschaftsminister Habeck an déi éisträichesch Energieministerin Gewessler hunn en Dënschdeg zu Wien een entspriechenden Accord ënnerschriwwen. Doran huet ee sech géigesäiteg Solidaritéit zougeséchert, och fir de Fall, datt Russland kee Gas méi liwwert. Éisträich deet sech iwwerdeems schwéier, seng Gasspäichere fir de Wanter ze fëllen. Detailer vu Wien vum Stephan Polet