Europa Aktuell
Zäitzeien iwwer de Rafle du Vel d'HIv
6 min
Virun 80 Joer war zu Paräis déi gréisste Massenarrestatioun an der Geschicht vum Land. Iwwer 13.000 Judde goufen de 16. Juli 1942 vun der franséischer Police verhaft. D'Famillen, dorënner 4.000 Kanner, sinn zwee Deeg an de Vélodrom d'Hiver agespaart ginn, éier si an d'Konzentratiounslager deportéiert goufen. Déi sougenannt Rafle du Vel d'Hiv gëllt als dat schlëmmst Verbriechen, dat de Vichy-Regimm an der Kollaboratioun mat NS-Däitschland begaangen huet a bis haut fir kontrovers Debate suergt.
E Reportage vun eisem Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn.