Europa Aktuell
EU wëllt géint Ofholze vu Bëscher virgoen
4 min
420 Milliarden Hektar Bësch sinn an de leschten zéng Joer op der Welt verschwonnen, schätzen d'Vereente Natiounen. Hire Statistike no wier d'Consommatioun an der EU responsabel fir zéng Prozent dovun.
D'Europäesch Unioun wëllt dogéint eppes ënnerhuelen - andeems séchergestallt gëtt, datt an de 27 EU-Länner keng Produite méi verkaf ginn, fir déi Beem hu missen ëmgehae ginn.
Haut gëtt am Europaparlament iwwer en neit Reglement ofgestëmmt - ee Reglement, datt d'Europäesch Kommissioun proposéiert huet, d'Parlament géif déi Reegelen awer gären méi streng maachen. Hannergrënn vum Danièle Weber: