Europa Aktuell
EU wëllt Produiten aus Zwangsaarbecht verbidden
4 min
Zu Stroossbuerg am Europaparlament hält de Moien d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen hir Ried zur Lag vun der Unioun. Do wäert et ënner anerem ëm d'Energiekris goen an ëm dat, wat d'EU dogéint ënnerhuele wëllt.
Bekannt ass awer och schonn, datt d'Kommissiounscheffin op ee Verspriechen vun zejoert zeréckkënnt. An hirer leschter Ried zur Lag vun der Unioun hat si nämlech versprach, datt hir Kommissioun ee Gesetz géint Zwangsaarbecht virleeën wëllt. Dat léisst zanterhier op sech waarden - soll dann awer op dem Dag vun haut nogeholl ginn. D'Danièle Weber doriwwer, wat genee ze erwaarden ass.