D'Inflatioun ass och am Portugal héich - am August louch d'Präisdeierecht bei bal néng Prozent. Et gëtt nach mat enger Hausse am Hierscht gerechent. An dat mécht de Leit Suergen, virun allem och wéinst dem Präis vum Fësch. An der Moyenne ginn op de Kapp 60 Kilo Fësch am Joer giess, dat ass méi wéi an all den aneren EU-Länner.
Eis Korrespondentin Marie-Line Darcy mat engem Reportage vun der Plaz