Europa Aktuell
Wéi kompromëssbereet ass Bréissel mat Budapest?
4 min
Bréissel kéint EU-Subside fir Ungarn an Héicht vu 7,5 Milliarden Euro suspendéieren. E Sonndeg hat d'Europäesch Kommissioun fir d'éischte Kéier en neie Mechanismus declenchéiert, deen dofir suerge soll, datt Suen aus der EU-Keess och do ukommen, wou se sollen.
D'Fro, déi sech elo stellt, ass déi: Wéi seriö mengt d'Kommissioun et wierklech, wann et drëms geet, de Krunn zouzedréien?
De Ball läit elo bei de Memberlänner, an hei ass den Appetit aktiv ze ginn nach net immens grouss, wéi d'Reunioun vun den zoustännegen Ministere gëschter gewisen huet.
Detailer vum Danièle Weber