arrow_back_ios
Europa Aktuell
D'EVP huet un Afloss verluer
Member vun der Europäescher Vollekspartei EVP ze sinn, war emol quasi ee Must fir eng grouss Karriär an der Europapolitik ze maachen. Déi Zäite sinn awer spéitstens zanter dem Départ vun der Angela Merkel eriwwer - där Meenung ass op allefalls haut den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF a senger Europachronik. D'EVP, oder PPE op franséisch, misst sech nei orientéieren, fënnt hien.