Europa Aktuell
Den Tripartite-Accord um EU-Préifstand
4 min
D'Länner vun der EU mussen an der Energiekris solidaresch ënnerenee sinn - sou eng vun de Konklusiounen Enn där leschter Woch um EU-Sommet zu Prag.
Dobäi gëtt kritesch op d'Hellefspäck gekuckt, déi elo an den eenzelne Länner decidéiert ginn. Besonnesch op deen däitsche Pak - dee mat 200 Milliarden Euro impressionant déck ass. Anerer kéinte sech sou Interventioune net leeschten, heescht et.
Och d'Lëtzebuerger Regierung warnt vrun enger onfairer Konkurrenz an der Course ëm d'Subsiden.
Ma wéi ass do eigentlech dee Lëtzebuerger Pak ze bewäerten, iwwert dee sech d'Regierung mat de Sozialpartner eens ginn ass?