arrow_back_ios

Dagdeeglech

100komma7.lu / Dagdeeglech

/ De veganen Tipp mam Marie: Zimtschnecken

De veganen Tipp mam Marie: Zimtschnecken

Dir braucht fir den Deeg:



125 ml wotlech Mëllech (Huewer oder Soja z. B), (an engem klengen Deppen oder an der Mikrowell opgewiermt)

1 Kaffisläffel Zocker

1 Pak (7 g) dréchen Hief




2 Zoppeläffel Zocker

2 Zoppeläffel Margarine (geschmolt)

225 g Miel (am beschten Typ 550 Weessmiel)



Fir d'Fëllung:



2 Zoppeläffel Zocker

1 Zoppeläffel Kanéil-Pudder

2 Zoppeläffel Margarine



Fir d'Zockerglasur:



100 g Pudderzocker

1 Zoppeläffel Mëllech



Zoubereedung:



Déi wotlech Mëllech, den Zocker an déi dréchen Hief verréieren

D'Miel, den Zocker, den Hief-Mix an déi geschmolte Margarine vermëschen

Fir 5 Minutte knieden (mat den Hänn oder mam Mixer)

Den Deeg 1 Stonn raschte loossen

Den Deeg ausrullen, am beschte manner wéi 1 cm deck an an der Form vun engem Rechteck

D'Fëllung um Deeg verbreeden

Den Deeg elo der Längt no oprullen

D'Deeg-Rull a Stécker schneiden, net ze grouss

D'Zimtschnecken fir 1,5 Stonnen roueg stellen (fir datt den Deeg weider opgeet)

De Schäffchen op Ober-/Unterhitze 180 Grad virwiermen

D'Zimtschnecken fir 30-25 Minutte bei Ober/Unterhitze 180 Grad op engem Bakblech mat Bakfolie baken, bis se gëlle-giel sinn

Fir nach méi séiss Zimtschnecken, eng Zockerglasur aus der Mëllech a Pudderzocker zesummeréieren, an iwwer déi wotlech Zimtschnecke verdeelen

D'Zimtschnecken am beschte waarm zerwéieren




Episoden

Viru 95 Joer koum de Jean Dondelinger op d'Welt

Lëtzebuerger Diplomat a Politiker
headphones

2 min

play_arrow

De Carl Benz weist fir eng éischte Kéier säi Gefier

Den 3. Juli 1886 fiert de Carl Benz fir eng éischte Kéier ëffentlech mat sengem Gefier, de Virgänger vum Auto.
headphones

4 min

play_arrow

Virun 79 Joer war den Tour de France eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg

Déi gréisste Vëloscourse op der Welt. Et war dat Joer deen éischten Tour nom Zweete Weltkrich.
headphones

7 min

play_arrow

De leschte Concert vum Elvis Presley

De 26. Juni 1977 spillt de King of Rock’n’Roll säi leschte Concert zu Indianapolis.
headphones

4 min

play_arrow

Virun 63 Joer gouf de Grondstee geluecht fir d'Rout Bréck

Si verbënnt de Lampertsbierg mam Kierchbierg. Dës Verbindung war, an ass, ganz wichteg fir den Accès zu dësem Staddeel.
headphones

3 min

play_arrow

Juneteenth

Den amerikanesche Gedenkdag, deen un d'Enn vun der Sklaverei erënnert.

Virun 80 Joer stierft de Charles Marx

Lëtzebuerger Dokter, Politiker a Resistenzler
headphones

3 min

play_arrow

Deen éischten "Indiana Jones"-Film kënnt an de Kino

Den 12. Juni 1981 koum ee vun de bekanntste Filmer an d'Kinoen: Deen éischten "Indiana Jones"-Film, mam Harrison Ford an der Haaptroll.
headphones

5 min

play_arrow

Virun 100 Joer koum de Nic Weber op d'Welt

Lëtzebuerger Journalist, Publizist a Schrëftsteller
headphones

2 min

play_arrow

Südvietnam gëtt Franséisch

De 5. Juni 1862 gëtt den Traité vu Saigon ënnerschriwwen, en Ofkommes mat dem de Süde vum Vietnam vu Frankräich koloniséiert ginn ass.
headphones

4 min

play_arrow

Virun 117 Joer koum den Henri Maurice Schnadt op d'Welt

Lëtzebuerger Ingenieur
headphones

2 min

play_arrow

D'Eruewerung vu Konstantinopel

Den 29. Mee 1453 gëtt Konstantinopel vun den Osmanen eruewert, d'Enn vum ostréimesche Räich.
headphones

5 min

play_arrow

Déi éischt Weltmeeschterschaft am Rugby

Den 22. Mee 1987 huet déi éischt Weltmeeschterschaft am Rugby ugefaangen, ausgedroen an Australien an Neiséiland.
headphones

5 min

play_arrow

Virun 8 Joer ass de Camille Gira gestuerwen

Politiker vun Déi Gréng
headphones

2 min

play_arrow

Nylonstrëmp ginn an den USA fir en abordabele Präis ugebueden

Virdrun huet e Puer ëm déi 250 Dollar kascht. Well den Undrang esou grouss war, huet esouguer d'Police misse kommen, fir d'Situatioun ze berouegen.
headphones

5 min

play_arrow

headphones

5 min

play_arrow

Virun 78 Joer gouf d'Eisebunnsstreck Dikrech-Veianen zougemaach

14,11 Kilometer war se laang, d'Eisebunnsstreck Dikrech-Veianen, déi den 2. Mee 1948 zougemaach gouf.
headphones

2 min

play_arrow

Virun 199 Joer koum de Jean-Antoine Zinnen op d'Welt

headphones

2 min

play_arrow

Den Hubble-Teleskop kënnt bis an de Weltall

Dem Hubble-Teleskop hu mir ganz vill Entdeckungen ze verdanken. De 24. Abrëll 1990 gouf den Teleskop an de Weltraum geschoss.
headphones

4 min

play_arrow

Virun 103 Joer koum d'Yvonne Frisch-Urbany op d'Welt

Déi Lëtzebuerger Schrëftstellerin huet sech schonn a jonke Jore politesch engagéiert, genee wéi hire Brudder, dee fréiere KP-Deputéierte René Urbany.
headphones

2 min

play_arrow