Europa Aktuell
/ Energiekris: Soll d'EU en neien Hëllefspak fir d'Länner op de Wee bréngen?
Energiekris: Soll d'EU en neien Hëllefspak fir d'Länner op de Wee bréngen?
4 min
D'Europäesch Unioun huet déif an d'Täsch gegraff, fir senge Memberlänner an der Corona-Kris ënnert d'Ärm ze gräifen. Den Hëllefspak vu ronn 750 Milliarden Euro ass deen décksten, deen et jeemools an der Geschicht vun der EU gouf.
Ma ier déi Suen aus deem Pak all verdeelt sinn, ass elo eng Diskussioun iwwert nei europäesch Hëllefsmesuren ausgebrach. Schold sinn déi héich Energiepräisser - an och de Faite, datt verschidde Länner scho national Programmer op de Wee bruecht hunn, fir hir Bierger an Entreprisen ze ënnerstëtzen.
D'Fro ass, wéi eng Roll d'Europäesch Unioun um Wee aus där neier Kris spille soll?